Aluminium - Raschtbänk

 

 

 

 

Corten - Raschtbänk

 

Niewent der Aluminiums-Raschtbänk hunn mir eis Gamme em een zweeten Modell erweidert. Dobäi handelt et sech em eng Bänk mat enger Grondkonstruktioun aus Corten, een wiederfesten Stol, deen mat der Zäit raschteg gëtt awer net un Stabilitéit verléiert.

 

Holz

D'Holz kann een aus dräi Holzarten wielen: Eech-, Douglasien- oder Teakholz.

Dës Holzarten sinn ideal fir den Bausseberäich geeegent sinn.

 

 

Beschreiwung

 

Den Client huet d’Méiglechkeet seng optimal Positioun aus insgesamt 6 verschiddenen Liegepositiounen ze wielen.

 

 

Dank eisem speziellen System kann een d’Bänk ganz einfach vum Ënnerbau trennen. Dofir muss een just zwou Schrauf vun Hand lass dréinen an den Krop opklappen. Sou kann een den ieweschten Deel vun der Bänk aus dem Ënnerbau eraushiewen an propper iwwert den Wanter stockéieren. Fir Platz ze spueren kann een se ouni Problem den héijen Wee stellen.

 

 

Den speziellen Designe kritt d’Bänk vum schéinen Douglasienholz dat millimetergenee an déi rechteckeg Lächer vun den Saitendeeler agestach ass. D’Laten sinn net verschrauft. Mam Léisen vun 4 Schrauwen kritt een d’ganz Bänk zerluecht.

 

 

Vir ären Buedem vun der Terrass oder vum Balcon ze schounen sinn ënnert den Fousplatten recycléiert Antirutschmatten festgemaach déi sou d’Bänk an den Buedem virun Schréipsen an aneren Beschiedegungen schützt.

 

Op rendez-vous kenn Dier eis Raschtbänken zu jidderzäit an eiser Manufaktur op den Scheedgen (bäi Consdorf) kucken kommen. Do kenn Dier d’Raschtbänk ausprobéieren an all är Froen stellen.

 

Mellt Iech, mir sinn ëmmer vir Iech do.