Minientreprise Raschtbänk

D'Raschtbänk ass eng Minientreprise vun véier Schüler aus dem Lycee Technique Agricole aus Ettelbreck. Am Kader vum Projet Minientreprise, een Projet vun der Jonk Entrepreneuren a.s.b.l., hunn mir am Schouljoer 2017/18 eng kleng Entreprise grënnen, wou mir en Produit selwer entweckelen, produzéieren an vermaarten.

Mir hunn selwer designten Liegbänken 

Den Donneschden, den 1. Juni 2017 war am Utopolis um Kierchbierg déi grouss Final an den offiziellen Ofschloss vun den Mini-Entreprisen. Mir haten mat den 14 aner Mini-Entreprisen een Stand opgeriicht wou mir eisen Produit presentéiert hun an wou d'Jury eis bewäert huet. Duerno huet all Entreprise hiren Projet am groussen Kinossall virgestallt. Owes war dann den "Awards Dinner" wou och d' Präisser iwwerreecht goufen. Mir sinn insgesamt an 6 vun 10 Kategorien nominéiert ginn. Dorënner den Präis vum beschten Stand, Präis vun der Nohaltegkeet, Präis vun der Innovatioun & Handwierk an souguer den Präis vun der beschter Mini-Entreprise vum Joer! Den Präis fir den beschten Produit an déi bescht "Gestion financière" konnte mir dann fir eis entscheeden.

 

 

 

 

 

 

No zwee Joer Paus hunn ech decidéiert, de Projet erëm ze lancéieren an mat enger professioneller Schräinerei, der Menuiserie Kraemer vu Bettenduerf, weider ze féieren.