Minientreprise aus dem LTA

Vun lénks no riets: Pit Schoos, Alex Schonckert, Tim Hoffmann, Christophe Meisch

 

Ech sinn e fréiere Schüler aus dem Lycée Technique Argicole an hunn virun zwee Joer beim Projet «Mini-Entreprise» vun de Jonk Entrepreneure Luxembourg deelgeholl. Am Kader vun deem Projet hunn ech mat dräi Klassekomerode wärend engem Schouljoer eng kleng Entreprise gegrënnt an geréiert, wou mir héichwäerteg Liegebänken entwéckelt a selwer mat Handaarbecht gebaut hunn.

No zwee Joer Paus hunn ech decidéiert, de Projet erëm ze lancéieren an mat enger professioneller Schräinerei, der Menuiserie Kraemer vu Bettenduerf, weider ze féieren.